
Haut virun 20 Joer hunn UB40 d’ UK-Singlecharts mat “(I Can’t Help), Falling In Love With You, gestiermt. D’ Lidd huet duerch de Film “Sliver” un Popularitéit gewonnen. D’ Sharon Stone huet d’ Haaptroll gespillt. Original ass d’ Lidd u sech aus dem Joer 1962 vum Elvis Presley!
De Prince ass haut virun 7 mat engem „Webby Lifetime Achievement Award“ belount ginn. 1997 war hien den 1. Museker deen säin Album “Crystall Ball” exklusive um Internet erausbruecht huet!
D‘ Amy Winehouse huet haut virun 5 Joer en exklusive Concert zu Moskau gespillt. Et war e Privat-Gig vir den Chef vum FC Chelsea an senge Frëndin. D‘ Amy soll dofir 1 Millioun Pond kritt hunn!