
Haut virun 18 Joer huet d‘Alanis Morissette säin Album „Jagged Little Pill“ eraus bruecht. Déi éischt Single „You Oughta Know“ gouf dem Alanis Morrissette säin éischten Hit. D’Lidd adresséiert sech un een Ex-Frënd, dee senger leschter Frëndin friem gaangen ass . Dass den Inhalt staark autobiographesch kéint sinn, huet d‘Alanis ni dementéiert. Allerdéngs huet hatt den Numm vum Ex-Frënd ëmmer geheim gehalen. Fir „You Oughta Know“ huet d‘Alanis Morissette 1995 och 2 Grammy’en kritt. Den Album „Jagged Little Pill“ huet sech bis haut méi wéi 16 Milliounen Mol verkaaft.
Haut virun 8 Joer gouf de Michael Jackson fräigesprach vum Virworf, Kanner mëssbraucht ze hunn. Iwwer eng Woch huet d’Jury fir den Fräisproch an allen 10 Punkten gebraucht. Ee 15 Joer alen Jong hat de Michael Jackson beschëllegt, hien mëssbraucht ze hunn an domat een vun de spektakulärsten Geriichtsprozesser aus de leschte Joeren un d‘Rullen bruecht. 5 Méint huet de Prozess géint de Popstar gedauert, 140 Zeien hunn ausgesot. Um Enn stoung den 13. Juni 2005 de Fräisproch, d‘Jury hält d‘Zeien vun der Uklo fir net kredibel.
Haut virun 26 Joer war d’Whitney Houston 6 Wochen op Plaz vun den engleschen Charts mat sengem 2. Album “Whitney“. Mat deem Album huet d’Sängerin e puer Rekorder an den amerikaneschen Charts opgestallt. D’Whitney Houston gouf di éischt Sängerin déi souwuel den Album wéi och déi éischt 4 Singleauskopplungen un der Spëtzt vun den Charts plazéiere konnt, dorënner “I Wanna Dance with Somebody “.