Queen, Michael Jackson, Puff Daddy

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

14.06.2013, 07:07:00

Haut virun 27 Joer hunn Queen et mat hirem Album “A Kind Of Magic” vir eng 5. Kéier un d’ Spëtzt vun den UK Album Charts gepackt!

 

Haut virun 18 Joer hat d‘ Diane Sawyer en exklusiven Interview mat der Koppel Michael Jackson an Lisa Marie Presley gehat. Di 2 haten sech iwwerraschenderweis matenee bestued. Et war hiren 1. gemeinsamen Interview a natierlech ass och Reklamm vir den „History“-Album gemaach ginn. Di 2 soten deemools am Interview dass si wéi all aner, eng ganz normal Koppel wieren di probéiert e Puppelchen ze kréien! 1 Joer no hirem Bestietnis huet d‘ Koppel Jackson-Presley sech rëm scheede gelooss!

 

Genee 16 Joer sinn et op den Dag genee hier, dass den Puff Daddy mam Faith Evans d‘ US Charts gestiermt huet. Hier gemeinsam Single „I’ll be missing you“ vir hirem verstuerwenen beschte Kolleg a Mann ze gedenken konnt sech ganzer 11 Wochen op Platz 1 halen!

 

Den Boy George kritt haut 52 Joer!

 

An d‘ Siobhan Donagy, di 1. Haaptsängerin bei den Sugababes kritt haut hier 30 Joer!

 

Mir gratuléieren!