
D’ Anita Ward stoung haut virun 34 Joer mam Mega-Hit “Ring My Bell” op Platz 1 vun den UK Single Charts. Leider ass et bei dësem eenzegen Hit bliwwen. D’ Gospel Sängerin aus Memphis gehéiert also leider och zum Phänomen “One Hit Wonder”!
Haut virun 24 Joer hunn d‘ New Kids On The Block mat „I’ll be loving you forever“ d‘ US Single Charts gestiermt!
Den Album “The Invisible Band” vun Travis ass haut virun 12 Joer un d’ Spëtzt vun den UK Album Charts geklommen!
Haut virun 2 Joer gouf e Computerhacker mat 18 Méint Arrest bestrooft. Hien hat Lidder vum Lady Gaga, Leona Lewis, Kesha, Justin Timberlake a Mariah Carey tëscht 2009 an 2010 geklaut. Den 18 Joer jonken Teenager huet nach net verëffentlechte Lidder um Internet zum Verkaf ugebueden!
De Lee Ryan vu Blue, dierf haut 30 Käerzen ausblosen!
Happy Birthday!