
Genesis hunn et haut virun 27 Joer mat hirem deemools 13. Studio Album „Invisible Touch“ op Platz 1 vun den UK Charts gepackt. Den Album konnt sech ganzer 96 Wochen op Platz 1 halen. Et war de kommerziell erfollegräichsten Album an hirer Carrière. Iwwer 15 Millioune mol huet en sech verkaf, alleng 5 Lidder haten et an den USA an d‘ Top 5 gepackt!
Maroon 5 hunn haut virun 2 Joer zesumme mam Christina Aguilera d‘ Single Moves like Jagger“ erausbruecht! D’Single huet et och an den USA op Platz 1 gepackt!
Den Joey Kramer, Drummer bei Aerosmith kritt haut 62 Joer!
Den Michael Einziger, Gittarist an heemlechen Mastermind vun Incubus kritt haut 37 Joer!
An de Brandon Flowers, de Sänger vun The Killers dierf haut 32 Käerzen ausblosen!
Mir gratuléieren!