
Haut viru 24 Joer hunn Soul II Soul et mat “Back to life” op Platz 1 vun den UK Single Charts gepackt. Et ass hier eenzeg Nummer 1 op der britescher Insel bliwwen!
Blink 182 hunn et haut virun 12 Joer mat hirem 4. Album „Take Off Your…” un d’ Spëtzt vun den US-Album Charts gepackt! Et war de Punk-Rocker hier 2.t Nummer 1. Den Album huet sech weltwäit méi wi 12 Millioune mol verkaf!
Den 6. a leschten Album„Icky Thump“ vun „The White Stripes“ huet et haut viru 6 Joer op Platz 1 vun den UK Album Charts gepackt! Mat dësem Album huet d‘ Band e Grammy Award an der Kategorie „Best Alternative Music Album“ gewonnen!
Den Richard Zven Kruspe, de Lead Guitarist bei Rammstein, feiert haut säin 46. Gebuertsdag!
Mir wënschen alles Gutts!