Michael Jackson, George Michael, Mike Kroeger

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

25.06.2013, 08:36:00

Haut ass den 4. Doudesdag vum Michael Jackson. Säin Häerz huet de 25. Juni 2009 a senger Villa zu Beverly Hills opgehal mat schloen. Säin perséinlechen Dokter Conrad Murray hat him iwwer Wochen d‘ Narkosemettel Propofol gesprëtzt, wat da schlussendlech zu engem Häerzstëllstand gefouert huet. De Michael hat massiv Schlofproblemer a konnt net anescht schlofen. Bis haut behaapt den Dokter sech drop, dass de Michael hien dozou gezwongen hätt, him dat Medikament ze ginn!  

 

Haut ginn et allerdéngs och e puer prominent Gebuertsdagskanner:

 

Den Georgios Panayiotou, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm George Michael, kritt haut 50 Joer!

 

An den Mike Kroeger, de Bassist vu Nickelback a Bruder vum Frontmann Chad Kroeger krit haut 41 Joer!

 

Happy Birthday!