Whitney Houston, Aerosmtih, Black Eyed Peas

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

27.06.2013, 09:42:00

Haut virun 32 Joer hat de Michael Jackson seng 1.t  UK-Solo-Nummer 1 Hitsingle mat « One Day In Your Life »!

 

D’ Whitney Houston ass haut virun 26 Joer an d’ US-Geschicht agaangen. D’ Sängerin war den éischte weibleche Kënschtler deen et fäerdeg bruet huet mat mat engem Album vun 0 direkt op Platz 1 an d‘ Album Charts eranzeklammen. Riets geet vum Album „Whitney“ mat deem d‘ Sängerin e weidere Rekord geknackt huet. Keng aner Kënschtlerin hat aus engem Album 4 Singlen hannerteneen an den Charts op der 1!

 

Aerosmith hunn haut viru 14 Joer als éischt grouss Band eng gratis nei Single um Internet per Download zur Verfügung gestallt! Haut ass dat näischt besonnesches méi, viru 14 Joer war dat eng Ausnahm!

 

D‘ Black Eyed Peas hunn haut virun 4 Joer mat hirem Album „The E.N.D.“ d‘ US-Charts gestiermt!

 

An d’ Leigh Nash, d’ Sängerin vun der Band Sixpence None The Richer dierf haut 37 Käerzen ausblosen!

 

Mir gratuléieren!