Madonna, Kris Kross, Lisa "Left Eye" Lopes

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 25.04.2014, 17:43:20

Haut virun 35 Joer hat d’ Band “The Police” mam Frontman Sting hiren alleréischten Fernsehoptrëtt an der BBC-Sendung “Top of the Pops”. Hier Single „Roxanne“ huet deemools vir e Skandal gesuergt, ëmmerhin geet et an der Single ëm e Mann dee sech an eng Prostituéiert verléift!

D’ Madonna stoung haut viru 27 Joer mat der Single “La Isla Bonita” un der Spetzt vun de UK Single Charts! Et war di 5. A lescht Single vu sengem 3. Album “True Blue”.

De selwechten Dag am selwechte Joer hunn U2 et mat hirem 5. Album “The Joshua Tree” op Platz 1 vun den US Charts gepackt!

 

Kris Kross hunn haut virun 22 Joer mat der Single “Jump” d’ US Charts gestiermt!

 

D’ Lisa “Left Eye” Lopes vun TLC hat haut virun 12 Joer säi déidlechen Autosaccident. D’ Sängerin ass grad am Kader vun enger Dokumentatioun gefilmt ginn wéi den Auto an deem vill ze vill Leit sutzen, verongléckt ass.