Aerosmith, Madonna, Queen

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 29.04.2014, 07:07:02

Haut virun 47 Joer ass dem Aretha Franklin säin “Respect” verëffentlecht ginn.

 

Den Steven Tyler huet sech haut virun 16 Joer während engem Concert den Knéi gebrach. Déi ganz Tour hat doduerch Verspéidung an fir den Videoclip vun „I dont wanna miss a thing“ hunn se d’Anstellung missen änneren fir dass den Gips net mat drop soll kommen.

 

D’Avril Lavigne war haut virun 7 Joer op Platz 1 vun den US Album Charts mat sengem 3ten Album “The Best Damn Thing”. Et war domat och Nummer 1 an den UK Charts.

 

Haut virun 6 Joer ass dem Madonna sain Album “Hard Candy” eraus komm.

 

En anonymen Queen Fan huet haut virun 5 Joer, 2 Stonnen perséinlech Gittars-Stonnen mam Brian May gewonnen, nodeems en 7.600 Pond op enger privater Charity-Stee gebueden huet.