Michael Jackson, Gnarls Barkley, 3 Doors Down

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 02.05.2014, 13:01:04

Den Michael Jackson war haut virun 31 Joer mat “Beat it” op d’Platz 1 vun den US Singles Charts geklommen. Ganzer 3 Wochen konnt hie sech un der Spëtzt halen. Et war dem Sänger seng 5. Solo Nummer 1 an den USA.

 

Gnarls Barkley sinn haut virun 8 Joer op Platz 1 vun den UK Album Charts geklommen mat „St Elsewhere”, dem Debutalbum vum Duo.

 

Den Turbo B vun Snap! kritt haut 47 Joer.

 

Den Ben Ayres, Gittarist an Sänger vun Cornershop, kritt haut 46 Joer.

 

Den Chris Henderson, Gittarist vun 3 Doors Down dierf haut 43 Käerzen ausblosen.

 

Happy Birthday!