Ricky Martin, Keith Richards, Enrique Iglesias

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 08.05.2014, 07:04:03

Den Ricky Martin ass haut virun 15 Joer mat 'Livin' La Vida Loca' op Platz Nummer1 vun den US Singles Charts geklommen. D’Lidd konnt sech 5 Wochen un der Spëtzt halen!

 

D‘ Rolling Stones hunn haut virun 8 Joer hier Europatour ofgesot, nodeems den Gittarist Keith Richards um Gehir huet missten operéiert ginn. Den 62 Joer alen Gittarist hat eng Gehirnerschütterung nodeems en an der Vakanz op den Fiji Inselen vun enger Palm erof gefall ass.

 

Den Darren Hayes vun Savage Garden kritt haut 42 Joer

 

Den Enrique Iglesias kritt 39 Joer

 

Mir gratuléieren!