
D ’Eagles hunn haut virun 37 Joer Gold fir "Hotel California" kritt.
Den Lionel Richie war haut virun 30 Joer mat 'Hello' op Nummer 1 vun den US Single Charts. D‘Lidd konnt sech 2 Wochen op der éischter Platz halen. Et war dem Sänger säin zweeten Solo Hit.
Den Ronan Keating ass haut virun 12 Joer mat 'If Tomorrow Never Comes' op Platz 1 vun den UK Single Charts geklommen.
D’Lidd gouf vum Garth Brooks geschriwwen an ass dem Sänger seng drëtt UK No.1.
Haut virun engem Joer hunn Déiwen zu Johannisburg iwwert 1 Millioun Rand Recetten vun engem Justin Bieber Concert geklaut. Dat sinn bal 70.000 Euro. Déi arméiert Band huet den Tresor opgebrach an deem d Recetten vum Justin sengem Concert an vum Bon Jovi sengem Concert den Owend virdrun dran waren.