Jugendschutz, Madonna, Stevie Wonder

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 13.05.2014, 02:24:02

Haut virun 29 Joer huet d‘Tipper Gore, d’Fra vum amerikanesche  Senator Al Gore zu Washington d’Organisatioun „Parents Music Resource Center“ gegrënnt. Ziel vun dëser Organisatioun ass et, Placken a CD‘en déi d’Jugend kéinten a Gefor bréngen, mat engem Warnhiweis fir d’Elteren ze kennzeechnen. Den Drock huet schliisslech Wierkung gewisen an déi amerikanesch Plackenindustrie huet sech e puer Méint dono fräiwëlleg engagéiert, bestëmmte CDen, Placken a Video’en mat engem entspriechenden Autocollant ze markéieren: „Parental Advisory – Explicit Lyrics !“ Den Autocollant ass bis haut bliwwen a verschidde Kritiker soen souguer e géing net ofschreckend wierken mä am Géigendeel éischter de Verkaf förderen.

Haut virun 12 Joer hat d’Madonna zu London am Alter vun 43 Joer  seng Première als Theaterschauspillerin am Stéck „Up For Grabs“.  D‘Ticketen fir di éischt  Virstellung waren bannent 10 Minutten ausverkaaft. No der Virstellung sinn d‘Meenungen vun de briteschen Theaterkritiker wäit ausernee gaangen. Di eng waren iwwerrascht vum madonna senger erfrëschender Aart, déi aner hunn iwwert seng dënn Stëmm an seng steif Beweegungen gelästert, déi nach méi  mechanesch wieren wéi bei engem Auto.

De Stevie Wonder huet haut Gebuertsdag. De Sänger, Songwriter a Multiinstrumentalist kritt 64 Joer. De Museker dee bal säi ganzt Liewe blann war, huet mat 11Joer ee Plackekontrakt bei Motown Records ënnerschriwwen. Bis haut huet hien iwwer 40 Singelen an den Charts plazéiert