
Haut virun 20 Joer haten Blur mat „Parklife“ hiren 1. Nummer 1 Album an England. Iwwer 2 Joer huet deen Album sech an den Charts gehalen. Den Album hat 4 Hitsingelen, dorënner d'Nummer "Boys&Girls".
Haut virun 19 Joer hu Supergrass hiren Debütalbum "I Should Coco" eraus bruecht. Den Album huet et un d’Spëtzt vun den engleschen Charts gepackt , heirop ze fannen och den Nummer 1 Hit "Alright".
Green Day hu viru 5 Joer hiren Album “21st Century Breakdown” eraus bruecht. 5 Joer nom Erfollegswierk “American Idiot” sinn Green Day hirem Rezept trei bliwwen an hunn nees eng Rock-Oper geschriwwen. Den Album huet nees de Goût vun de Fans getraff an domat fir d’éischt och an Däitschland Plaz 1 vun den Album-Charts erreecht.