Spandau Ballet, Olly Murs, Frank Sinatra

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 14.05.2014, 05:14:03

Haut virun 31 Joer haten Spandau Ballet hiren 1. Nummer 1 Album an England mam Titel  "True". Den Titeltrack war 4 Wochen un der Spëtzt vun de briteschen Charts. Mat dësem Album koum fir d’Band och dee laang erwaarten Erfolleg an den USA an an Asien

Haut virun 14 Joer waren Madison Avenue op Plaz 1 an England mat der Single "Don't Call Me Baby". Et war no Men At Work am Joer 1983  déi 1. australesch Band déi et a Groussbritannien un d’Spëtzt vun den Charts gepackt huet

Den Olly Murs huet haut Gebuertsdag. Den englesche Singer-Songwriter kritt haut 30 Joer. Seng Single „Hearts Skips A Beat“ huet him den Duerchbroch bruecht. Plaz 1 vun den däitschen Charts.

Haut virun 16 Joer ass de Frank Sinatra gestuerwen. Den amerikanesche Sänger an Acteur ass 82 Joer al ginn. Säin éischten Hit hat de Frank Sinatra am Joer 1940 an a senger Carrière am ganzen iwwer 25 Singelen an den Charts, dorënner den Nummer 1 Hit "Strangers In The Night".