
U2 waren haut virun 27 Joer mat 'With Or Without You' op Platz 1 vun den US singles Charts geklommen. D’Lidd konnt sech 3 Wochen un der Spetzt halen. Et war der Band hir eischt No.1 an den amerikaneschen Charts.
Haut virun 10 Joer war d‘Frankee 3 Wochen op Platz 1 vun den UK Single Charts mat 'F.U.R.B. (F U Right Back)'. D’Lidd war eng Cover-Versioun an Äntwert op dem Eamon sain Nummer-1-Hit Fuck It, I Don't Want You Back. Et war déi éischte Kéier dass en Lidd an sain Cover allen zwee op Platz 1 geland sinn.
Déi britesch Band Keane ass haut virun 10 Joer mat hierem Debutalbum 'Hopes and Fears'op Platz 1 vun den UK Album Charts geklommen. Ganzer 4 Wochen konnten si sech op der éischter Platz halen.
Den Krist Novoselic, Bassiste vun Nirvana, kritt haut 49 Joer.
An d’Janet Jackson, dem King of Pop seng Schwester, dierf sech haut iwwer 48 Kaerzen um Kuch freen.
Happy Birthday!