Madonna, Led Zeppelin, Joey Ramone

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 19.05.2014, 16:58:31

Haut virun 24 Joer huet sech d’Madonna mat 'Vogue' op Nummer 1 vun den US Single Charts plazéiert. Ganzer 3 Wochen konnt Lidd sech un der Spëtzt halen. Et war der Sängerin hir 8 amerikanesch Nummer 1 an 7 UK Nummer 1.

 

‘Stairway To Heaven’ vun Led Zeppelin ass haut virun 4 Joer an enger Emfro zum Lieblingsrocklidd vun den Englänner ernannt ginn. D’Band hat nach 2 aner Lidder an den Top 10 vun der Ëmfro: ‘Whole Lotta Love’ op der Platz 4 an ‘Rock 'n' Roll’ op No. 7.

 

Den Jeffrey Hyman bekannt als Joey Ramone, Sänger vun The Ramones, hätt haut 62 Joer kritt. Hee ass 2001 mat 49 Joer un Lymphdrüsekriibs gestuerwen.

 

An den Stuart Cable, batteur vun Stereophonics, hätt haut 44 Joer kritt. Hee huet d’Band 2003 verlooss an gouf 2010 mat nëmmen 40 Joer doud an senger Wunneng fonnt.