Rihanna, Linkin Park, Joe Cocker

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

20.05.2014, 07:01:33

D’ Rihanna an den Jay-Z konnten sech haut virun 7 Joer ganzer 10 Wochen op Platz 1 vun den UK Single Charts mat 'Umbrella' halen. Domat war et déi längst Nummer 1 an den UK Sait ‘Love Is All Around' vun Wet Wet Wet.

 

Linkin Park waren haut virun 7 Joer op Platz 1 vun den UK Album Charts mat 'Minutes To Midnight'. Et war der Band hiren 5ten Top 20 Album.

 

Den Joe Cocker kritt haut 70 Joer.

 

D’Cherilyn Sarkasian, besser bekannt als Cher, kritt haut  68 Joer.

 

An den Busta Rhymes kritt der haut 42.

 

Happy Birthday!