
Dem Michael Jackson säin Album 'Thriller' ass haut virun 31 Joer fir déi drëtten Kéier zréck op d’Nummer 1 vun den UK Charts an ass weider 5 Wochen op der Spëtzt bliwwen.
Den David Bowie ass haut virun 31 Joer op Platz 1 vun den US Singles Chart mat 'Let's Dance’. Et war dem Bowie seng éischten Single déi op deenen 2 Säiten vum Atlantik op Platz 1 gelant ass.
All 4 One war haut virun 20 Joer mat 'I Swear' fir 11 Wochen op der No.1 vun den US Singles Charts. Et war en No.2 Hit an den UK Charts.
D’Adele ass haut virun 3 Joer op Platz No.1 vun den US Single Charts geklommen mat 'Rolling In The Deep'. Den Videoclip ass fir 7 MTV Video Music Awards nominéiert ginn, huet 3 Grammyen gewonnen an et war d’ Billboard Number One Single vum Joer 2011.
Den Rapper Notorious B.I.G. hätt haut 42 kritt. Hien ass den 9 Mäerz virun 17 Joer mat nëmmen 24 Joer zu Los Angeles op der Strooss erschoss ginn.