Ace of Base, Crash Test Dummies, Morrisey

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

22.05.2014, 10:24:54

Déi schwedesch Grupp Ace Of Base waren haut virun 21 Joer fir 3 Wochen op der No.1 vun den UK singles Chart mat 'All That She Wants'.

 

Public Enemy huet haut virun 25 Joer den Professor Griff, een vun den Memberen erausgehäit, nodeems en antisemitesch Remarquen bei der Washington Post vun sech ginn huet.

 

Den Dan Roberts, Bassist vun den Crash Test Dummies dierf haut 47 Käerzen ausblosen.

 

Den Steven Morrissey, Sänger bei The Smiths, kritt der haut 55.

 

Happy Birthday