
D’Christina Aguilera, Lil' Kim, Mya an d’Pink sinn haut virun 13 Joer op Platz 1 vun den US Single Charts geklommen an dat mat hirer Single 'Lady Marmalade’. D’Lidd ass aus dem Film Moulin Rouge an d’Original ass 1975 vum Patti LaBelle gesongen ginn.
Red Hot Chili Peppers waren haut virun 8 Joer mat 'Stadium Arcadium' op Platz Nummer 1 vun den US Album Charts. Et war der Band hiren 9ten Studio-Album.
Den Sean Kinney, Batteur vun Alice In Chains, kritt haut 48 Joer.
D’Lisa ‘Left-Eye’ Lopes an Sängerin bei TLC hätt haut 43 Joer kritt. Hatt ass 2002 bei engem Autosaccident ëm d'Liewen komm.
An den Andre 3000 vun Outkast kritt haut 39 Joer.
Mir gratuléieren!