Irene Cara, Britney Spears, Kylie Minogue, Colbie Caillat

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 28.05.2014, 09:00:05

D’Irene Cara, Schauspillerin an Sängerin vum Film „Flashdance“, ass haut virun 31 Joer mat 'Flashdance...What A Feeling' op Platz 1 vun den US Single Charts gelant an ass 6 Wochen un der Spëtzt bliwwen.

 

Haut virun 14 Joer war d’Britney Spears op Platz Nummer 1 vun den US Album Charts mat 'Oops!... I Did It Again'. Der Sängerin hiren zweeten Album war och op der éischter Platz an 13 aneren Länner an ass am ganzen iwwer 20 Milliounen mol verkaf ginn.

 

Déi australesch Sängerin Kylie Minogue kritt haut 46 Joer.

 

Den Mark Richardson, Batteur vun Skunk Anansie, gëtt haut 44 Joer al.

 

An d’Colbie Caillat dierf sech haut iwwer 29 Käerzen um Kuch freeën.

 

Happy Birthday!