Bryan Adams, Shaggy, Kelly Jones

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

03.06.2014, 07:18:49

Haut virun 19 Joer ass dem Bryan Adams seng Single 'Have You Ever Really Loved A Woman' op Platz Nummer 1 vun den US Single Charts katapultéiert ginn. 5 Wochen konnt d’Lidd sech op der éischter Platz halen.

 

Den Shaggy ass haut virun 13 Joer mat 'Angel' op Platz 1 vun den UK Single Charts geklommen an konnt sech ganzer 4 Wochen un der Spëtzt halen. Et war dem Rapper seng véiert Nummer 1. An och säin Album 'Hot Shot' ass deen selwechten Dag op Platz 1 vun den UK Album Charts geklommen.

 

Danny Wilde, Sänger vun The Rembrandts an Great Buildings, kritt haut 58 Joer.

 

An den Kelly Jones, Sänger an Gittarist vun den Stereophonics, kritt haut 40 Joer.

 

Happy Birthday!