Bruce Springsteen, Wet Wet Wet, Sandi Thom

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 04.06.2014, 07:19:04

Den Bruce Springsteen huet haut virun 30 Joer säin Album 'Born In The USA' verëffentlecht. Et war den bescht verkaaften Album vum Joer 1985 an den US an dem Sänger säin erfollegräichsten Album vun allen.

 

Wet Wet Wet sinn haut virun 20 Joer op Platz Nummer 1 vun den UK Singles Charts mat 'Love Is All Around' aus dem Film 'Four Weddings & A Funeral' geklommen an konnten sech ganzer 15 Wochen un der Spëtzt halen.

 

D’Sandi Thom war haut virun 8 Joer mat 'I Wish I Was A Punk Rocker’ op Platz 1 vun den UK Singles Charts. D’Lidd war am Oktober 2005 vun Viking Legacy schonn eng Kéier verëffentlecht ginn, huet et awer just bis op Platz 55 gepackt.

 

D’ Mollie King, Member vun der Girlband The Saturdays, kritt haut 27 Joer.

Mir gratuléieren!