Led Zeppelin, Marky Mark, Pete Wentz

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 05.06.2014, 07:29:02

Den R. Kelly krut haut virun 11 Joer verbueden fir en Videodréih op L.A ze reesen. Hien dierft Chicago net verloossen nodeems en Video opgedaucht ass op deem hien mat engem mannerjäregen Meedchen soll geschlof hunn.

 

Oasis sinn haut virun 9 Joer op Nummer 1 vun den UK Album Charts geklommen mat 'Don't Believe The Truth'. Et war der Band hiren 6ten Nummer 1 Album.

 

Led Zeppelin ass haut virun 4 Joer zu der beléiftester Band vun den Britten gewielt ginn. Op zweeter Platz waren d’Beatles an hannendrun Queen.

Den Mark Wahlberg, bekannt als Marky Mark, kritt haut 43 Joer.

 

An den Pete Wentz, Bassiste vun Fall Out Boy kritt haut 35 Joer.

 

Happy Birthday!