
D’Aaliyah war haut virun 14 Joer op Platz Nummer 1 vun den US Single Charts mat 'Try Again'. Et war deen éischten "airplay-only" Song deen et op eng No.1 an den US Single Charts gepackt huet.
D’Sandi Thom ass haut virun 8 Joer op Platz 1 vun den UK Album Charts mat 'Smile ... It Confuses People' geklommen. Et war der Sängerin hiren Debut-Album op deem och d’Single 'I Wish I Was A Punk Rocker’ ze fannen ass.
Den Album “The Dark Side Of The Moon” vun Pink Floyd, deen 1973 eraus komm ass, ass haut virun 3 Joer rëm an d’ Billboard Album Charts op No. 47 geklommen. Domat war d’Band 1000 Wochen an den amerikaneschen Charts.
D’Memberen vun Stereo MC’s kennen haut zesummen feieren. Den Nick Hallam kritt 54 Joer an den Robert Birch dierf sech iwwer 53 Käerzen um Kuch freeën.
An déi däitsch Sängerin Joy Denalane kritt haut 41 Joer.
Happy Birthday!