Mariah Carey, UB40, Amy Winehouse, Robyn

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 12.06.2014, 09:00:04

D’Mariah Carey huet haut virun 24 Joer säin Debut-Album ‘Mariah Carey’ eraus bruecht.


UB40 haten haut virun 21 Joer hier drëtt Nummer 1 an den UK mat ('I Can't Help), Falling In Love With You', en Cover vum Elvis Presley sengem Hit vun ’62.


D’Amy Winehouse huet haut virun 6 Joer en exklusiven Optrëtt fir den Roman Abramovich seng Frëndin Dasha Zhukova an enger Konschtgalerie zu Moskau ginn. Et ass behaapt ginn dass d’Sängerin 1 Millioun Pond fir dësen Privatconcert krut.


Déi schwedesch Sängerin Robyn kritt haut 35 Joer.


Happy birthday!