Whitney Houston, Alanis Morissette, Arctic Monkeys

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 13.06.2014, 09:00:05

D’Whitney Houston ass haut virun 27 Joer mat sengem zweeten Album ‘Whitney’ op Platz 1 vun den UK Album Charts geklommen . Hatt konnt sech ganzer 6 Wochen un der Spëtzt halen an et war déi éischt Musekerin déi et faerdeg bruecht huet mat engem Album déi éischt véier Singleauskoppelungen och op Platz 1 vun den amerikaneschen Billboard Charts ze katapultéieren.

 

D’Alanis Morissette huet haut virun 19 Joer säin Studio Album 'Jagged Little Pill' eraus bruecht. Den Album ass weltwäit iwwer 30 Milliounen mol verkaf ginn an huet d’Morissette zur éischter kanadescher Sängerin mat engem Nummer 1 Album an den US Charts.

 

The Arctic Monkeys haten haut virun 11 Joer hiren Debut Live Concert an engem klengen Pub an England. Hiren Verdéngscht deen Owend: ganzer 27 Pond.

 

Den Rivers Cuomo, den Sänger vun Weezer, kritt haut 44 Joer.

 

An den Jason Brown, fréier bei der britescher Boyband Five, kritt haut 38 Joer.

 

Happy Birthday!