John Travolta, New Kids On The Block, Travis, Lee Ryan

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 17.06.2014, 09:00:05

'You're The One That I Want' vum John Travolta an Olivia Newton-John ass haut virun 36 Joer op Platz Nummer 1 vun den UK Single Charts geklommen. D’Lidd aus dem film Grease konnt sech ganzer 9 Wochen un der Spëtzt halen.

 

New Kids On The Block sinn haut virun 25 Joer op Platz 1 vun den US Single Charts mat 'I'll Be Loving You Forever' geklommen. Et war der Band hir éischten Nummer 1 an den US.

 

Travis ass haut virun 13 Joer mat hirem Album 'The Invisible Band' op Nummer 1 vun den UK Album Charts katapultéiert ginn an konnt sech 4 Wochen drop halen.

 

An den Lee Ryan, Sänger vun Blue, kritt haut 31 Joer.

 

Happy Birthday!