Mariah Carey, Jamiroquai, Britney Spears, Lionel Richie

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 20.06.2014, 09:00:04

D'Mariah Carey ass haut virun 22 Joer op Platz 1 vun den amerikaneschen Single Charts mat 'I'll Be There' geklommen. D’Lidd ass original aus den 70er Joren vun den Jackson Five an hat et och deemools op Platz 1 gepackt.

Haut virun 16 Joer sinn Baddiel, Skinner & Lightning Seeds mat 'Three Lions '98' op Platz Nummer 1 vun den UK Single Charts katapultéiert ginn. D’Lidd ass fir d’Fussballweltmeeschterschaft vun ‘98 geschriwwen ginn.

Jamiroquai sinn haut virun 15 Joer mat hirem Album 'Synkronized' op der éischter Platz vun den UK Album Charts gelant. Et war der Band hiren zweeten Nummer 1 Album.

D'Britney Spears war haut virun 10 Joer op Platz 1 vun den UK Single Charts mat 'Everytime', der Sängerin hir 5. Nummer 1 an England.

An den Lionel Richie kritt haut 65 Joer.

Happy Birthday!