Soul II Soul, Blink-182, White Stripes, Richard Kruspe

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 24.06.2014, 09:00:05

Soul II Soul sinn haut virun 25 Joer mat hirem Hit 'Back To Life' op Platz 1 vun den UK Single Charts geklommen an konnten sech ganzer 4 Wochen drop halen.

 

Blink-182 sinn haut virun 13 Joer mat 'Take Off Your Pants and Jacket' op Nummer 1 vun den US Album Charts katapultéiert ginn. Et war der Band hiren zweeten Nummer 1 Album an den USA an huet sech iwwer 12 Milliounen mol verkaf.

 

The White Stripes waren haut virun 7 Joer op Platz Nummer 1 vun den UK Album Charts mat 'Icky Thump'. Et war der Band hiren 6ten an leschten Studio-Album.

 

Billboard.com huet haut virun 2 Joer dem Olivia Newton-John säin Hit 'Physical' aus dem Joer ’82 zum sexiesten Lidd vun allen Zäiten gewielt. Och an den Top Ten waren dem Rod Stewart säin 'Tonight's The Night', 'Let's Get It On' vum Marvin Gaye, oder 'Hot Stuff' vum Donna Summer.

 

An den Richard Zven Kruspe, Leet-Gittarist vun Rammstein, kritt haut 47 Joer.

 

Happy Birthday!