Madonna, Pete Doherty, Andrew Burrows, Cheryl Cole

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 30.06.2014, 09:00:05

D’Madonna huet haut virun 28 Joer säin Album "True Blue" eraus bruecht.

D’Christina Aguilera, d’Lil' Kim, d’Mya an d’Pink sinn haut virun 13 Joer op Platz 1 vun den UK Single Charts mat 'Lady Marmalade’ geklommen.

Den Pete Doherty ass haut virun 10 Joer no laangem Drogemëssbrauch, aus senger Band The Libertines geflunn.

Den Andrew Burrows, Batteur vun Razorlight, kritt haut 35 Joer.

An d’Cheryl Cole dierf sech haut iwwer 31 Käerzen um Kuch freeën.

Happy Birthday!