
Haut virun 43 Joer ass den amerikaneschen Sänger, Songwriter an Frontmann vun The Doors, Jim Morrison dout an enger Bidden opfonnt ginn. Hien ass am Alter vun nëmmen 28 Joer zu Paräis gestuerwen!
The Human League sinn haut virun 32 Joer op Platz 1 vun den US Single Charts mat 'Don't You Want Me' geklommen. 3 Wochen konnten si sech un der Spëtzt halen.
Den Vince Clarke, Matgrënner an fréieren Keyboarder vun Depeche Mode, kritt haut 54 Joer.
Den Javier Weyler, fréieren Batteur vun den Stereophonics, kritt haut 39 Joer.
An den Shane Lynch, Sänger vun der Boyband Boyzone, kritt haut 38 Joer.
Mir gratuléieren!