
Wham! sinn haut virun 31 Joer op Platz 1 vun den UK Album Charts mat hirem Debut Album 'Fantastic!' geklommen. 116 Wochen konnten si sech an den Charts halen.
D’Lily Allen ass haut virun 8 Joer mat ‘Smile’ op d’Nummer 1 vun den UK Single Charts katapultéiert ginn.
Muse konnten sech haut virun 8 Joer mat ‘Black Holes & Revelations' op der Platz 1 vun den UK Album Charts plazéieren an ganzer 2 Wochen drop halen. Et war der Band hiren 5ten Album an zweet Nummer 1.
D’Courtney Love, Gittarist an Sängerin vun Hole an Witfra vum Kurt Cobain, kritt haut 49 Joer.
An den Jack White, den Moment Solo ënnerwee an fréier Gittarist an Sänger vun den White Stripes, dierf sech haut iwwer 39 Käerzen um Kuch freeën.
Mir gratuléieren!