Simply Red, Wet Wet Wet, Usher, System of a Down

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 15.07.2014, 08:00:04

Simply Red hunn sech haut virun 25 Joer op Platz 1 vun den US Single Charts katapultéiert, mat 'If You Don't Know Me By Now'.

 

Wet Wet Wet waren haut virun 20 Joer mat 'Love Is All Around' 6 Wochen op Platz 1 vun den UK Single Charts. D’Lidd konnt sech schlussendlech ganzer 15 Wochen un der Spëtzt halen.

 

Den Usher ass haut virun 13 Joer mat '8701' op Platz 1 vun den UK Album Charts geklommen.

 

Den John Dolmayan, Batteur vun System of a Down kritt haut 41 Joer.

 

An den Ray Toro, Lead-Gittarist vun My Chemical Romance, dierf sech haut iwwer 37 Käerzen um Kuch freeën. D’ Band huet sech d’lescht Joer offiziell opgeléist.

 

Mir wënschen trotzdem alles guddes!