
Coldplay sinn haut virun 14 Joer mat hirem Debut-Album 'Parachutes' op Platz 1 vun den UK Album Charts geklommen. Um Album waren Hit-Singlen wei 'Shiver', 'Yellow', 'Trouble', an 'Don't Panic' ze fannen. 2002 hunn se en Grammy Award fir den Album gewonnen.
Haut virun 13 Joer huet sech den Robbie Williams op Platz 1 vun den UK Single Charts katapultéiert, mat 'Eternity / The Road To Mandalay'. 2 Wochen konnt hien sech un der Spëtzt halen.
'Bohemian Rhapsody' vun Queen ass haut virun 2 Joer zu der "Favorite No. 1 Single" vun den Englänner gewielt ginn an huet domat den Michael Jackson mat „Billie Jean“ vun der 1 geheit.
An den Edward Joel Kowalczyk,den Originalsänger vun Live kritt haut 43 Joer. 2009 huet hien d’Band verlooss an ass zanter deem Solo ënnerwee.
Mir wënschen Happy Birthday!