This Day In Music - 28. SeptemberMadonna, Muse & Co.

Haut op engem 28. September...

Leschten Update: 28.09.2017, 00:00:03

© Eldoradio

D’Madonna gouf am Joer 2002 als gréissten weiblech Sängerin vun allen Zäite gevote. D’Resultater vun de 75.000 Museksfans goufen um Dag vun Haut virun 13 Joer bekannt ginn. D’Kylie Minogue sollt hannendru kommen. Net begeeschtert hu sech Kritiker iwwert dem Diana Ross seng 12 Plaz an dem Annie Lennox seng 14 Plaz gewisen.

Um 28-09-2003 wosst och de leschten ween d’Band Muse wier an dat déi talentéiert wieren. Hire 4. Album „Absolution“ huet d Plaz 3 vun der Scheif virdrun an den USA getoppt. D’Plaz un der Sonn, haut virun 12 Joer fir den Album ëm d’Single „Time is Running Out“.

Spéitstens mam Album “Only by the Night” ass de Kings Of Leon de weltwäiten Duerchbroch gelongen. Den Album huet sech weltwäit iwwer 6 Mio mol verkaf. Um 28-09 2008 ass den Album fir 2 Wochen op der Insel zur Number One an den Album Charts ginn. Ma schonn de Virgänger „Because of the Times“ war an England op d‘1 geklommen.

D’Sängerin vun The Power of Love, d Jennifer Rush kritt haut 55 Joer.