This Day In Music - 03. OktoberJoss Stone, Pussycat Dolls & Co.

Haut op engem 3. Oktober...

Leschten Update: 05.10.2017, 16:04:22

© Eldoradio

Den éischte Britesche House-Hit huet et um Dag vun haut virun 30 Joer un enger britesch Charts-Spëtz gepackt. Dat war den Hit „Pump Up the Volume“ vu M/A/R/R/S. Et sollt hiren eenzegen Hit bleiwen, ma een deen Virreider war fir de Musekstrend aus de 90er Joren.

D’Britesch Sängerin Joss Stone stoung haut virun 13 Joer eng éischte Kéier an der Heemecht uewen an den Album Charts. Den Album „Mind, Body & Soul“ war säin 2. Studio Album. Mat deemools 17 Joer war d’Joss Stone di längste Sängerin, déi déi Plaz ageholl huet. Ofgeléist huet d’Avril Lavine.

Nummer 1 an den däitsche Single Charts fir d’Lidd "Don’t Cha" vun de Pussycat Dolls mam Busta Rhymes. D’Lidd ass um 3 Oktober 2005 un d’Spëtz geklommen an huet sech 2 Wochen uewe gehalen.

Haut huet d’Gwen Stefani Gebuertsdag. D’Sängerin wat Solo erfollegräich ass, ma och mat der Band No Doubt kritt haut 48 Joer.