
© RAJESH JANTILAL / AFP
Haut viru 37 Joer huet déi Iresch Band U2 de Grondsteen zu hirem Erfolleg geluecht. Hiren Debut Album „Boy“ ass eraus komm. Den Album huet an den USA zwar nëmmen op d’Plaz 63 vun den Charts gepackt, ma Si hu sech mat dem Album e Numm gemaach an sech Dieren opgemaach fir kennen duerchzestarten. Am Joer 2008 hu si den Album eng zweete Kéier erausbruecht.
10 Joer ass et haut um 20 Oktober hier dat d’Single „Apologizie“ vu One Republic an dem Timbaland am Eldo Chartbreaker fir 3 Wochen op d’Plaz 1 geklommen ass. D’Lidd ass mat drop gewiescht um Album „Dreaming Out Loud“ deen zu senger Zäit e riese Succès op Myspace war. „Apologize“ gëtt vum Billboard Magazin als Nummer 50 vun de Beschten Chart-Hits vun de leschte 50 Joer gewäert.
De Snoop Dogg huet haut Gebuertsdag. Hien ass am Joer 71 ënnert dem Numm Calvin Broadus op d’Welt komm. Deemno ass et säin 46. Gebuertsdag.
Fir d’Britesch Duerchstarterin Jess Glynne ass haut den Dag vum 28 Gebuertsdag.