This Day In Music - 19. OktoberAha, Coldplay & Co.

Haut op engem 19. Oktober...

Leschten Update: 25.10.2017, 09:37:50

© Afp

En Dag deen Aha haut nach gutt an Erënnerung wäert sinn, ass haut. Hiren Hit “Take On Me” ass um 19.10.1985 als éischte Single iwwert vun enger Norweeger Band op d’Plaz 1 vun den US Single Charts geklommen. 2 Versiounen an 3 Release’n huet d’Band gebraucht eier dorausser en Hit ginn ass. Gutt si dru gegleeft hunn, soss géif dat heite Lidd haut wuel kaum ee kennen.

Release haut viru 6 Joer vum Coldplay Album „Mylo Xyloto“. Et war hire 5ten Album an deen ass a 34 Länner op d’Plaz 1 geklommen. An den US Billboard Album Charts ass hinnen de Sprong vun der 0 op d 1 gegléckt. Dat war hinnen virdru schonn 2 mol gegléckt.

Sprong op d‘1 an der Heemecht fir Junge vun den Ärzte haut virun 10 Joer. D’Lidd sollt sech awer just eng Woch ganz uewen halen.