
© MARTIN BUREAU / AFP
26 Joer ginn et dat den däitsch italieneschen Trio Snap! en éischte Number One Hit gelant huet. „The Power“ ass op d’Plaz 1 vun de UK Single Charts geklommen a war dran am Film „Coyote Ugly“. Snap! Sollt mat “Rhythm Is a Dancer” nach e weideren Hit landen a weltwäit iwwer 12 Milliounen Singlen an Albe verkafen.
9 Joer ginn et haut dat d’Japaner e neie Weltrekord opgestallt hunn. Si hunn de längste Concert vun allen Zäite gespillt. 186 Stonnen, also iwwer 7 Deeg um Stéck hunn di 2.000 Museker gespillt. Dobäi huet e Pianist während engem gréisseren Erdbiewen mol net opgehalen d’Tasten ze drécken.
1 am Eldo Chartbreaker viru 9 Joer fir d’Nelly Furtado a säi “Say It Right”. D’Lidd war de 4. Release vum Furtado sengem 3. Album Loose a sollt 1 Wochen op der 1 vum Chartbreaker bleiwen. Den Album Loose huet sech 12 Millioune mol verkaf a war ee vun den erfollegräichsten Alben am Joer 2006. D’Single „Say It Right“ sollt nieft Lëtzebuerg och an den USA an a Frankräich d’Spëtz vun den Charts anhuelen.
Gebuertsdag huet haut den Angus Young vun AC/DC. De Schottesche Gittarist kritt 61 Joer. Am November 73 huet hien mat sengem Brudder Malcom Young d’Band AC/DC gegrënnt gehat.