Madonna, Santana & Bruno Mars

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 01.04.2016, 08:46:39

© TIMOTHY A. CLARY / AFP

70 Wochen sollt sech dem Madonna säin 4. Album “Like a Prayer” an de UK Single Charts halen an haut virun 27 Joer ass deen Album, 10 Deeg nom Release op d’1 geklommen. Iwwer 15 Milliounen mol ass de Longplayer verkaf ginn.

9 Wochen Plaz 1 vun de US Single Charts fir dem Santana säin „Maria Maria“. Eng éischte Kéier op d‘1 geklommen ass d’Lidd um 1. Abrëll 2000, also haut viru 16 Joer. D’Lidd mam Museker The Product G&B gouf mat engem Grammy ausgezeechent. Drop ass de Song vum Album “Supernatural”, dem 17. Album vum Santana.

No sengem éischten Hit “Just The Way You Are” konnt de Bruno Mars viru 5 Joer noleeën a beweisen dat hien kee One Hit Wonder ass. Säin 2 Hit “Grenade” ass erauskomm an um 1. Abrëll 2011 op d’1 vun den däitsche Single Charts geklommen. D’Lidd sollt och an den USA, an Australien, Kanada a Groussbritannien un d’Spëtz klammen. Den 2. Release vum Album „Doo-Wops & Hooligans“ sollt sech alleng am Joer 2011 10.2 Millioune mol verkafen.

Gebuertsdag huet haut di jonk britesch Sängerin Ella Eyre. D’Musekerin kritt 22 Joer.