The White Stripes, R.E.M & Macklemore feat. Ryan Lewis

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

06.04.2016, 05:14:49

© Dani R. / Eldoradio

De 4. Album vum Duo The White Stripes mam Titel “Elephant” ass haut virun 13 Joer op d’Plaz 1 vun de UK Album Charts geklommen. Den Album ass als beschten Alternativen Album bei de 46. Grammy Awards ausgezeechent ginn. Drop um Longplayer ass den Hit „Seven Nation Army“.

Virun 8 Joer huet de 14. Album vun R.E.M d‘1 vun de UK Album Charts ageholl. Den Album „Accelerate“ war de éischten Album no 4 Joer vun der US Alternative Rock Band. A ganzer 9 Wochen war de komplette Longplayer fäerdeg. Als éischte Release vum Album drop war d’Single „Supernatural Superserious“.

Virun engem knappe Mount war den Duo Macklemore & Ryan Lewis nach fir e mega Concert zu Lëtzebuerg. Haut ginn et 3 Joer dat hiren éischte groussen Hit „Can’t Hold Us Down“ den Eldo Chartbreaker gestiermt huet. D’Lidd vum Debutalbum „The Heist“ ass mat äre Stëmme vun der 0 direkt op d’Plaz 1 geklommen. 3 Woche sollte Si sech uewen am Eldo Chartbreaker halen.