Alice Cooper, Billy Talent & Casper

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

07.04.2016, 05:48:35

© Tom Di Maggio / Eldoradio

Et kann ee sech och onabsichtlech erhänken, dat ass dem Museker Alice Cooper haut virun 28 Joer bei senger Europatournee passéiert. De Museker sollt als Deel vun der Show gehaange ginn, ma iergendwéi war d’Seel ze laang a nodeems de Buedem opgaangen ass, ass hie gefall, ma ze weit. An duerno houng e nach komplett nieft sech mam Hals am Seel fest. E Bühnentechniker huet em aus senger Situatioun gehollef. Passéiert wor dat zu London. Duerno huet de US Amerikanesche Rockmuseker 19 Joer laang op Bühnentricks verzicht.

Den Eldo Hit vum Joer 2007 ass haut viru 9 Joer fir 3 Wochen op d’1 vum Eldo Chartrbreaker geklommen. Dat war de Billy Talent Song “Fallen Leaves”. Di kanadesch Museker sollten an dem Joer och um Rock a Field Festival spillen. „Fallen Leaves“ war no „Red Flag“ den drëtte Release vum 2. Album vun der Band, dem Album „Billy Talent II“.

Den däitsche Museker Casper war virun 2 Joer zu Lëtzebuerg op Besuch. Hien huet am Club vu der Rockhal gespillt. No 15 Songs ass de Museker vun der Bühn gaangen, huet sech kuerz drop awer nach eng Kéier weise gelooss a nach eng Zugabe gespillt.