Roxette, The Offspring & Take That

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 08.04.2016, 05:27:01

© MICHAEL SOHN / POOL / AFP

25 Joer ginn et um 8. Abrëll dat Roxette mat hirer Single „Joyride“  fir 8. Wochen un d’Spëtz vun den däitsche Single Charts geklomme sinn. D’Lidd sollt sech insgesamt 32. Woche bei eise Noperen an den Charts halen. An de UK Single Charts ass d’Plaz 4 erausgesprongen, an den USA huet de schwedesche Pop-Duo awer och e Number One Hit mat „Joyride“ gelant. 2 Joer virdrun, och um 8. Abrëll sollt dem Duo hiren éischte Number One Hit an den USA glécken mat der Single „The Look“.

Haut virun 22 Joer ass den The Offspring Duerchbrochalbum „Smash“ erauskomm. Um Album drop war d’Single „Self Esteem“. 15 Millioune mol sollt sech den Album „Smash“ weltwäit verkafen.

1995 sinn Take That um 8. Abrëll mat „Back For Good“ an der britescher Heemecht op d’1 vun de Single Charts geklommen. Hiren Top-Hit sollt sech alleng an der éischter Woch 300.000 mol verkafen an och zur Britisch Single of The Year gewielt ginn. D’Lidd war um 3. Album vun der Band ëm de Robbie Williams drop, dem Album „Nobody Else“.