
© Eldoradio
Den David Bowie Hit dee jiddereen am Kapp huet, wa säi Numm genannt gëtt, ass den Hit „Let’s Dance“. E Song deen drop war op sengem Album mam gläiche Numm. Dee Longplayer sollt haut virun 33 Joer op d‘1 vun de UK Album Charts klammen. Et war säi 15. Album. 10,7 Millioune mol huet e sech op der ganzer Welt verkaf. Esou oft wéi keen anere vu sengen 25. Alben.
Déi münsteraner Museker vun Alphaville sollte haut virun 32 Joer hiren 2. a wuel gréissten Hit landen. Hir Single „Big In Japan“ sollt international erfollegräich ginn an haut virun 32 Joer fir 3. Wochen op d‘1 vun den däitsche Single Charts klammen. D’Lidd war drop um Debutalbum „Forever Young“ a sollt och am Venezuela op d‘1 vun den Charts klammen.
Haut virun 3 Joer huet di britesch Musekindustrie matgedeelt, dat den 1. Milliardste Song offiziell gedownload ginn ass. Di meescht gedownload’e Single vun allen Zäiten, op der Insel ass zu dem Zäitpunkt dem Adele säin „Someone Like You“ gewiecht, viru Songs vu Maroon 5 an dem Gotye sengem „Somebody That I Used To Know“.
2. Däitsch Museker hunn haut Gebuertsdag. Den Tim Bendzko kritt 31 Joer, säi Musekerkolleg de Clueso gëtt 36 Joer al.