
© Dani R. / Eldoradio
D’Madonna huet haut virun 31 Joer seng alleréischten Tour lancéiert. An den USA huet op 3 Owender um Stéck zu Seattle gespillt. Et sollt den Ufank vun enger grousser Carrière sinn, fir d’Queen of Pop.
12 Joer ginn et haut um 10. Abrëll dat dem Usher säin „Yeah“ fir 3. Wochen d’Plaz 1 vum Eldo Chartbreaker ageholl huet. De Song vum Album „Confessions“ war nominéiert fir de Grammy vum Song vum Joer, dee gouf et awer net. Ma d’Lidd „Yeah“ ass fir de beschte Rap Duo ausgezeechent ginn. Dem Usher säi Song stoung an den USA 12 Wochen um Stéck ganz uewen.
Am Kader vu senger Fire It Up European Tour sollt den Joe Cocker haut virun 3 Joer zu Lëtzebuerg an der Rockhal spillen. Schonn am Joer 2010 war hien zu Lëtzebuerg op Besuch. De britesche Museker ass am Dezember 2014 u Longekriibs verstuerwen.