Kylie Minogue, One Republic & Joss Stone

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

11.04.2016, 05:01:48

© Eldoradio

28 Joer ginn et um 11. Abrëll dat d’Kylie Minogue säi Mega-Debut bei eisen däitsche Nopere gekréint huet. Seng Debutsingle vu sengem Debutalbum „Kylie“, de Song „I Should Be So Lucky“ ass fir 2. Wochen zur Number One vun den däitsche Single Charts ginn. Säin Debutalbum sollt sech iwwer 6. Millioune mol verkafen. 19 Joer war di australesch Musekerin dee Moment al. Um 11. Abrëll 2014 hu Clean Bandit zesumme mam Jess Glynne d‘1 an Däitschland ageholl, dat mat hirem Hit „Rather Be“. Eng Single déi virun allem dem Jess Glynne zum Duerchbroch verhëllefe sollt.

Frozen vum Madonna sollt haut virun 18 Joer di Single ginn, déi sech bei eis zu Lëtzebuerg an der Woch am beschte Verkaf huet. An och deemools gouf et den Eldo Chartbreaker schonn, an un di Spëtz ass d’Queen of Pop fir 3 Woche geklommen. D’Lidd war um 7. Madonna-Album „Ray Of Light“ drop an den éischte Release vum Longplayer. 4 Grammy’en huet d’Sängerin alleng fir deen Album kritt.

Ee vun de sellege One Republic Optrëtter zu Lëtzebuerg war op engem 11. Abrëll, nämlech virun 3 Joer. Si sollten an der Rockhal spillen. Den 11.04.2008 waren d’Dropkick Murphys am Atelier op Besuch.

Di britesch Musekerin Joss Stone huet haut Gebuertsdag a kritt 29 Joer.