R. Kelly, Die Ärzte & Herbert Grönemeyer

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 12.04.2016, 05:16:01

© YURI CORTEZ / AFP

3. Woche Plaz 1. An de UK Single Charts fir dem R. Kelly säi Grammy-Gewënner-Hit „I Believe I Can Fly“. De Song aus dem Film Space Jam huet d’Plaz 2 an den USA erklommen. 3 Grammy Awards krut d’Lidd an et gëtt vum Rolling Stone Magazin zu de 500 beschte Songs vun allen Zäiten opgezielt.

Et ginn haut um 12. Abrëll schonn 8 Joer dat den Aerzte Hit “Lasse Redn” fir 3. Wochen d’Spëtz vum Eldo Chartbreaker iwwerholl huet. D’Lidd vum Album „Jazz ist Anders“ , dem 11. Album vun der Band, war no „Junge“ a „Lied vom Scheitern“ den 3. Release vum Longplayer, deen 2. mol Platin kritt huet.

Dem Schotteschen DJ Calvin Harris sollt haut virun 7 Joer den éischte Number One Hit a senger britescher Heemecht glécken. „I’m Not Alone“ . Zanterhier sollten him eng Rëtsch Number One Hits glécken. Den Adam Wiles, wéi hie mam biergerleche Numm heescht, gehéiert mëttlerweil zu de renomméierten Dj’en op der Welt.

Den däitsche Museker Herbert Grönemeyer feiert haut e ronne Gebuertsdag. Hie kritt 60 Joer. Seng Musekscarrière hat denkbar schlecht ugefangen. Seng éischte 4. Albe si gefloppt, éier hien 1984 mam Album „4630 Bochum“ den Duerchbroch gepackt huet. Dee Longplayer a seng 9 Nofolger hunn et op d‘1 vun den däitsche Single Charts gepackt. Iwwer 13 Milliounen Alben huet hien alleng an Däitschland verkaf.